Mir plangen, d'Resonanz vun engem deiere Wäiglas experimentell ze ënnersichen.

De Projet wärt – wann en dann duerchgezu gëtt – an e puer Phasen stattfannen

  • D'Glas soll duerch mënschlech Stëmm zur Resonanz bruecht ginn, an — am Idealfall — eng Resonanzkatastroph erliewen.
  • Sollt dat net funktionnéieren (no ville Versich), probéiere mer dat selwecht maschinell, d.h. mat Frequenzgenerator an Haut-parleur.
Dofir bräichte mer awer e Sponsor, deen eis deier Kristall-Glieser zur Verfügung stellt ;-) Also Avis aux amateurs, kontaktéieren kann een eis iwwert d'Rubrik »Kontakt«.

Aktualisiert ( Montag, 02. Januar 2012 um 16:14 Uhr )